Equipe

Home / Equipe

Projekt Piñata – dat sinn 2 Geranten, déi mat kloren Virstellungen längerfristeg Zieler verfollegen. Projekt Piñata – dat sinn awer och 5 fräi Mataarbechter, déi hinnen mat Herzblud an vill Engagement den Réck fräi halen. Des Konstellatioun huet sech vun Ufank un bewäert an mëscht d Zesummenaarbecht an dësem Team zu eppes ganz Besonneschem.

D’Geschäftsleedung

Dat engt mëscht aus Bilderlandschaften Wonnerwelten, dat anert léist Textwüsten keng Chance. Wann d’Karina an d’Christine zesummen schaffen, dann verbannen sech Text an Bild zu enger onzertrennbarer Eenheet – Grondlag vun all Strategie. Wat si dobäi verbënnt: eng déif Frëndschaft an deen gemeinsamsten Nenner, deens du der virstellen kanns. Als geschäftsleedend Grënner vun Projekt Piñata sinn si deng Uspriechpartner.

Fräi Mataarbechter an Secret Agents

Vun Ufank un war kloer: Fir d’Visioun vun ganzheetlecher Kommunikatioun an der Groussregioun ëmsetzen ze kennen, brauch et fachmännesch Ënnerstëtzung. Mat Mats an François hunn mir direkt zwee kreativ Bridder am Geescht fonnt, déi relativ schnell duerch Lemmes, Agent J an Pusha P – hires Zeechen Energrondkämpfer am Déngscht vun der Piñata – enerstetzt goufen. Op an Uniform oder undercover an Zivil, op mat der Mutz rop oder mat verdecktem Gesicht: jidder Eenzelen leescht een onersetzlechen Beitrag zum Projekt Piñata.