Christine Thull

Home / Equipe / Christine Thull

1987 zu Maarnech (Lëtzebuerg) gebuer. Nodeems hat 2012 sain Literaturstudium un der Universitéit zu Saarbrécken ofgeschloss huet, befaasst sech Christine säit 2012 mat dem Thema Medien an Kommunikatioun op zwou verschidden Manéieren: Op der enger Säit schreift hat säit deem un senger Doktorsaarbecht mat Fokus op eng medienwëssenschaftlech Approche, op der anerer Säit hellt hat als Proprietaire vun Projekt Piñata Opträg vun klengen an mëttelstännegen Entreprisen souwéi vun Institutiounen an den Beräicher Texter an Kommunikatioun entgéint.

Wat Christine gären huet

Ob klassesch Märecher fir Arndt 29 oder al Plattenkritiken fir DerRalle’s BeatARTletics – Christine analyséiert am léifsten etabléiert oder längst vergiessen Textformen fir esou schliisslech hier Charakteristiken auszeschaffen. Op dëser Grondlag iwwerdréit hat se an d’Aktualitéit, ëmmer mat Bléck op dat jeeweilegt Kommunikatiounsziel. Sou Texter generéieren Emotiounen, well se Spaass maachen an eng gewëss Verpilltheet an sech droen.

Gläichzäiteg muss awer och kloer sinn, dass dat net an all Fall funktionéiert. Mais genau dat ënnerscheed jo och eng gutt Kommunikatiounsstrategie vum Mainstream: op Grondlag vun enger am Virfeld kloer definéierter Zilgrupp entscheeden mir eis an der Equipe fir déi passend Medienkanäl an d’ Christine setzt schliisslech entspriechend Textform an -stil em.

Een breeden Spektrum

Flexibilitéit rentéiert sech! Sou ënnerschiddlech d’Clienten an Projeten sinn, sou villfälteg sinn och d’Asatzgebidder vun Texter. Christine entwéckelt personaliséiert Konzepter an setzt se entspriechend vum Client sengem Wonsch fir Print (Brochuren, Flyer, Katalogen) oder fir digital Kommunikatioun (Sozial Netzwierker, Homepage) em. An wei krit dobaussen iergendeen eppes dovunner mat? Mat enger Pressestratégie, déi ganz genau op den Sujet, awer och op déi jeeweileg Regioun ugepasst gouf.