Karina Hartwahn

Home / Equipe / Karina Hartwahn

Mat engem erfollegräich ofgeschlossenen FOS Design Diplom an der Täsch fenkt Karina 2008 un der HBKsaar een Kommunikatiounsdesignstudium un. Am Kader vun engem Joer Praktikum bei Leo Burnett an Frankfurt huet hat 2011 ënnert anerem fir Clienten wei Jepp, Nintendo, ZDF, Zeiss, Fiat an Unicef geschafft, Vun 2012 bis 2014 wor Karina als Designerin bei der Dürr Assembly Products GmbH an den Beräicher Marketing, Vertrieb an Kommunikatioun aktiv. Während dëser Zäit konnt hat einschlägeg Erfahrungen sammelen, op déi hat als Gerante vun Projekt Piñata am Zesummespill mat den ënnerschiddlechsten Clienten zréckgräifen kann.

Klassesch Werbung trefft op Guerilla-Action

Ween hat kennt, weess: Karina liebt déi ganz grouss Geschichten. Et wonnert also keen, dass hier ganz eegen Aarbechten an éischter Linn vun den Klassiker aus der Werbegeschicht beaflosst ginn. Gläichzäiteg ass hat awer och een waschechten Gangster an ass haart am Huelen. Ob fir Fotoshootingen oder als Marketing-Aktioun – Karina liebt Guerilla an bléit dobäi wierklech op. D’Spill mat diversen Szenarien an ënnerschiddlechen Materialien: vun Ufank un huet hat mat sengem Input een wäertvollen Input fir Piñata-Projekter an –Opträg geleescht.

Säin Spektrum

Karina begleet eis Clienten vun der éischter Berodung bis hin zur Faerdegstellung. Als erfaaren Kommunikatiounsdesignerin entwéckelt hat ëmfaassend Konzepter, setzt awer och méi kleng Opträg em an enkster Zesummenaarbecht mat den Optraachgeber em. Dobäi ass strategescht Denken onerlässlech: eenzel Etappen sinn ëmmer an engem gréisserem Zesummenhang ze gesinn, Print ëmmer am Zesummespill mat digitalen Kommunikatiounsmoßnahmen.