Perspectiven

Home / Perspectiven

Gelongen Meetingen an erfollegräich Gespréicher hunn eent gemeinsam: si sinn kloer strukturéiert an folgen engem fir allen zwou Parteien – bewosst oder onbewosst – novollzéibaren Plang. Vun der Hinfeierung zu Thema an dem Gespréichszil iwwert d’Argumentatioun bis hin zum Ofschloss – déi wichtegst Etappen gelten souwuel fir Véier-Aen-Gespréicher als och fir Social media oder op laang Zäit ugelueten Plakatcampagnen. Ëmsou wichteger ass et, dass Kommunikatioun net an d’Eidel verleeft.

Ier et lass geet: Ween ass deng Zilgrupp?

Talentéiert Gespréichsfeierer kennen hiren Géigeniwwer: si erfaassen innerhalb vun kierzester Zäit, wat si beweegt an mäen sech dat zenotzen. Erfollegräich Kommunikatiounsstrategien sinn an hirer Funktioun vun eben sou engem Gespreichsfeierer, well andeem si déi ganz eegen Zilgrupp definéieren, generéieren si Wëssen um där hier wichtegst Charakteristiken souwei Wënsch an Bedierfnesser. Wann du also deng Offer op dem Marche positionéieren wëlls, solls du deng Zilgrupp kennen, fir schliisslech passend mat hier ze interagéieren.

An dann? Wou dreift si sech rëm?

Mir hëllefen dir dobäi deng Zilgrupp ze erfaassen an sou eventuell och Reckschless op deng Offer ze zeien. Dobäi sinn mir där fester Iwwerzeegung, dass jee no Alter, Geschlecht etc. déi bevirzicht Medienkanäl vun denger Zilgrupp staark variéieren. Soubal du des ermëttelt hues, stellen mir zesummen mat dir déi richteg Mëschung aus analoger an digitaler Kommunikatioun zesummen, fir dass aus enger anonymer Zilgrupp schnellstmeiglech trei Clienten ginn.