Marketing

Home / Perspectiven / Marketing

Marketing fänkt do un, wou sech konkret Zieler formuléieren. Als Agentur wëllen mir net jiddwereen erreechen an roden och eisen Clienten dovunner of. Ween sech un jiddwereen richt, deen schwätzt keen perséinlech un an beweegt sech an der ëffentlecher Wahrnehmung jensäits vun konkreten Andréck. Mir bréngen deng Zilgrupp an d’Marketingstrategie vun denger Entreprise an Aklang mateneen, fir dass jiddwereen genau weess, un ween sech deng Offer richt. Den Austausch zwëschent iech kann ufänken!

Gudden Marketing brauch Inhalter

D’Zäiten, an deen eidel Werbephrasen Entreprisen duerch d’Decken katapultéiert hin, sinn laang riwwer. Mat dem Opstiich vun den sozialen Netzwierker huet sech eng Demokratiséierung vun den Medien duerchgesat an d’Mënschen sinn mësstrauesch géigeniwwer vun eidelen Verspriechen ginn. Am Platz vun naiven Bewonnerungen reagéiert een haut gutt an gären mat Ignoranz oder souguer mat engem medienwierksamen Shit Storm.

Ausgeklügelten Marketing verlaangt deemno no beräichernden Inhalter, déi Informatiounen vermëttelen an Emotiounen opbauen. Clienten wëllen hiren Horizont erweideren an dem Liewensgefill rondrëm den gekaaften Produit deelhuelen. Mir schaffen fir dech an deng Entreprise un enger passend Content Marketing Strategie, woubäi mir dir och bei der Ëmsetzung – sief et analog oder digital – zur Säit stinn.

Regional Ënnerscheeder notzen

Projekt Piñata ass zu Saarbrécken doheem an domat am Häerzen vun der Groussregioun doheem. Mir kennen si demnächst ganz besonnesch gudde, kennen hier Sproochen an wëssen alles rondrëm d’Ënnerscheeder an deenen verschidden Gebidder. Wat zu Lëtzebuerg vläit am Kader vun Evenementer fort geet wei waarm Bréidercher, brauch jee nodeems am Saarland oder an Rheinland-Pfalz ganz besonnesch Marketengmoßnaamen. Dat gesinn mir als grouss Chance, well grad an dësen besonneschen Ënnerscheeder bidden een groussen Potential, wann et dorëms geet deng Offer lokal ze stäerken an domat regional auszebauen.