Online

Home / Perspectiven / Online

Bal onendlech Méiglechkeeten, dausend Geschichten aus aller Welt an kompriméiert Wessensstärk – dat ass fir eis den Internet. Virun allem kleng- an mëttelstänneg Entreprisen gëtt dat am Beräich SEO & Social Media vergläichsweis bëlleg Kommunikatiounsweer, déi et auszenotzen gelt. Profiléierung ass dobäi den A an O, well fir sech an der breeder Mass ofzesetzen, gelt et opfannbar ze sinn an d’Opmierksamkeet vum Internetnotzer op dech ze zeien. Den Mënsch sicht dat Besonnescht, sou fannen deng Clienten DECH.

Social Media – Catchy if you can…

… oder Confessions of a Creative Mind: Social Media ass eis grouss Passioun. Lo ass et raus! Vun der Strategie iwwert d’Generéierung vun entspriechendem Bildmaterial bis hin zum finalen Post an der Interaktioun mat den Fans vun eisen Clienten – mir lieben et einfach an et läit eis am Bludd. Dobäi kann Social Media ënnerschiddlechst Zieler verfollegen: ob fir eng Crowdfunding-Campagne ze Ënnerstëtzung oder fir d’Vermaarktung vun enger lokaler Entreprise, z.B. vun engem Restaurant – mir iwwerhuelen deng Social Media Kommunikatioun fir dass näischt méi am eigentlechen Dagesgeschäft ënnergeet.

Vum Fannen an fonnt ginn

Du hues eng Internetsäit, déi gefält dir eigentlech och ganz gudd an trotzdem ges du d’Gefill awer net lass, dass du net fonnt ges? Deng Entreprise ass schonns säit méi Joeren an den sozialen Netzwierker, mais eigentlech kéint och hei méi goen? Eis Propose: Du brauchs kloer Fakten an een Bléck vun baussen, deen dir onparteiesch an éierlech een Feedback gëtt. Huel eis Propose vun enger gratis Eischtberodung rondrem deng digital an Social Media-Kommunikatioun wouer. Mir sinn eis zimlech sécher, dat et dech wäert weider bréngt.