Press & Evenementer

Home / Perspectiven / Press & Evenementer

Och an den Zäiten vum digitalen Medienwandel gelt et klassesch Presseaarbecht net ze vernoléissegen. Well nach emmer gëtt et (virun allem lokal oder regional opgestallten) Zilgruppen, déi regelméisseg Dageszeitungen liesen. An och mat Bléck op een SEO-orienteierten Backlink-Opbau empfeelt sich fir all Entreprise d’Investitiounen an klassesch souwéi digital Presseaarbecht. Ofgesinn dovun stinn vill Magazinnen an Zeitungen fir een heischen Moos un Seriositéit an Vertrauenswierdegkeet. Mat engem positiven Beitrag an entspriechenden Medien ginn des Associatiounen op dech iwwer.

Here’s a little story, that must be told

D’Erfarung weist: Vill kleng an mëttelstänneg Entreprisen empfannen sech selwer am Hibléck op Presseaarbecht als wéineg attraktiv. Awer meeschtens geet et einfach dodrem een Ophänger ze hunn, den mir gären am Gespréich mat eisem Client ausschaffen: Sief et een neien Produit, een Jubiläum oder d’Erweiderung vun den eegenen Geschäftsraim – d’Méiglechkeeten sinn villsäiteg an virun allem an all Entreprise ze fannen.

Een Tête-à-Tête mat der Press

Relations publiques an Evenementer sinn onzertrennbar mateneen verbannen. Ofgesinn vun der klassescher Pressekonferenz, dären Organisatioun mir gären fir dech iwwerhuelen, gëtt et nach vill weider Evenementersformater, mat deenen du déi regional Berichterstattung an deng Entreprise lackels an gläichzäiteg selwer en Ophänker generéieren. Eis Gerance huet vill Erfarungen am Veranstaltungsmanagement an enerstetzt dech dofir gären bei der Planung an Ëmsetzung vun dengem PR-Evenement.