Video & Animatioun

Home / Perspectiven / Video & Animatioun

Heiansdo seet een Bild méi wei dausend Wieder an beschtefalls besteet Videoen aus dausend soueng Biller…. weivill méi een Video also am Vergläich zu purem Text soen kann… des Rechnung verkneifen mir eis. Mathé war ni eis Stäerkt. Trotzdem däerft kloer sinn, dass et Inhalter ginn, déi eng ganz besonnesch Uschaulechkeet brauchen. Animatioun an Videoen sinn dobäi oft d’Léisung.

Deng Entreprise. Däin Image. Däin Video.

Virun allem an Zäiten vun viralem Marketing am Ëmfeld vun den sozialen Netzwierker kann een Video d’Räichwäit vun denger Entreprise em een Villfacht vergréisseren. Well héichwäerteg Videoen mat enger Valeur Ajoutée ginn gären gedeelt. Sprengt dann och nach den Fonken iwwert, dann waers du och aner Persounen an den Bann vun denger Offer zeien. Mais ier déi éischt Klapp fält, muss du wëssen, waats du eigentlech wëlls bzw. brauchs: Ob Imagefilm, Foiresdoku, Produit- oder Recruiting-Video: d’Méiglechkeeten sinn villfälteg. Mir fannen zesummen mat dir raus, welch fir dech déi richteg ass an iwwerhuelen all Phasen vun der Produktioun.

Aktioun – Abstraktioun – Animatioun

Zousätzlech zum Filmmaterial oder als Grondduktus vun engem Video, fir abstrakt Inhalter ze verunschaulechen oder als ästhetescht Stilmettel – d’Asatzgebider vun Animatiounen sinn genausou villfälteg wei hier Funktiounen an Méiglechkeeten. Wann een Bild also heiansdo méi seet wei dausend Wieder an Videoen beschtefalls aus dausend souenge Biller besteet, wat passéiert dann, wann Videoen an Animatiounen Saachen weisen, fir déi et keng Wieder gëtt?