Fotografie an der Entreprise

Home / Perspectiven / Workshops / Fotografie an der Entreprise

Deng Entreprise ass zwar schonns am Besetz vun héichwäertegen Imagefotografien, awer dir musst trotzdem ëmmer rëm selwer Hand uleeë, fir regelméisseg Inhalter fir är Social Media-Kanäl ze liwweren. Den Problem: Nëmmen sielen entstinn dobäi Fotoen, déi dengen Qualitéitsusprech entspriechen an gläichzäiteg dobäi och deng Clienten emotional uspriechen. Den Workshop liwwert wichteg Impulse dir Ideenfindung, vermëttelt Grondlaagenwessen rondrëm deng Kamera souwéi Bildopbau, Beliichtung an Beaarbechtung. Sou entwéckelt deng Entreprise intern Kompetenzen an är visuell Kommunikatioun wäert laangfristeg un Qualitéit gewannen. An dat Wichtegst: Déi alldeeglech Ëmsetzung vun denger Kommunikatiounsstrategie wäert wesentlech méi einfach ginn an domat och méi lukrativ.

Kursleedung: Mats Karlsson, Karina Hartwahn

Ëmfang: 8 Stonnen

Ob Veräiner oder Entreprisen, Selbstänneger oder GmbHs – Fotografien spillen an den meeschten Fäll fir all Konstellatiounen eng Roll. D’Inhalter vun eisem Workshop rondrëms Entreprisefotografien kéinten op all des Situatiounen ugepasst ginn. Ruff eis einfach un, sou léist sech am einfachsten rausfannen, waats du brauchs.