Kommunikatioun an der Entreprise

Home / Perspectiven / Workshops / Kommunikatioun an der Entreprise

D’ Kommunikatioun an enger Entreprise agéiert souwuel no bannen als och no baussen hin an behält heibäi an all Fall déi eegen Interessen an Zieler ëmmer virun Aen. Strategescht Denken ass dobäi onerlässlech, virun allem wann et dorëm geet déi verschidden Deelberäicher, d.h. d’ Relations Publiques- an d’ Marketingofdeelung, awer och den Vertrib an den Personalmanagement mat anzebannen an mateneen ze koordinéieren. Vun der Froe no der eegener Situatioun ausgoend, schafft dësen Workshop Zieler raus an weist deenen eenzelnen Departementer Aufgaben zou. Gläichzäiteg ginn individuell op déi eegen Entreprise ugepasst Richtlinnen fir d’intern an extern Kommunikatioun souwéi eng respektvoll Feedbackkultur ausgeschafft.

Leedung: Christine Thull

Ëmfang: 6 Stonnen

D’ Kultur an enger Entreprise ass méi wei villfälteg. Je nodeem schaffen du an deng Mataarbechter jo grad un engem bestëmmten Thema: Setz dech ganz einfach mat eis an Verbindung an mir ermëttelen däin konkreten Bedarf.