Social Media

Home / Perspectiven / Workshops / Social Media

Ob Post oder Tweet, Like oder Pin – d’Social Media-Welt befënnt sech an engem steetegen Wuesstem an hellt lues awer sécher ongeahnt Umoossen un. Eent hunn si awer all gemeinsam: si sinn sozial, d’Kommunikatioun mat Mataarbechter an Clienten gestalt sech emer anescht wei bei den klasseschen Medien op Aaenhéischt. Je no Wëssensstand an Zilsetzung vun den Teilnehmern stellt dësen Workshop fir d’éischt Fro no der passender Plattform. Op Grondlag vun engem klasseschen Redaktiounsplang ginn dann méiglechen Contenu opgeschafft, unhand vun deem dann schliisslech och eng grafesch an textlech Ëmsetzung geprouft gëtt. Ofschléissend ginn mir den Teilnehmern dann een Wertecodex mat un d’Hand, deen déi zentral Froen vum Alldaach an enger Entreprise beäntwert: Wie verankeren ech Social Media an den deeglechen Ofleef? Wei ginn ech mat den privaten Aktivitéiten vun mengen Mataarbechter em? Oder awer och: Wei reagéieren ech op Kritik? Weilch Optiounen bleiwen mir bei engem Shitstorm?

Workshopleedung: Karina Hartwahn, Christine Thull

Emfang: 8 Stonnen

Genau sou villfälteg wei Social Media selwer, sinn och d’Méiglechkeeten vun Workshop- bzw. Virtraagsthemen an deem Beräich. Den skizzéierten Oflaf dengt deemno just enger Orientéierung. Während een Ufängerworkshop virun allem Grondlaachenwessen erschafft, befaasst sech een Cours fir Fortgeschrattener beispillsweis gären mat multimedialem Storytelling, Social Media Campagnen oder interner Kommunikatioun. Mell dech einfach bei eis. Mir freeën eis op den Austausch.